Error message

Notice: Trying to access array offset on value of type null in template_preprocess_dc_ajax_shopping_cart_teaser() (line 612 of /home/ancienci/public_html/sites/all/modules/dc_ajax_add_cart/dc_ajax_add_cart.module).

Jazz Goes North: Jambal

Date: 
Saturday, 12 June, 2021 - 19:00
Genre: 
concert
Type: 
jazz
Tickets: 
free entry, reservation is required

Trompett: Ben Bley
Keyboard an Vibraphon: Arthur Clees
Bass an Viole de Gambe: Maxime Igisch
Batterie: Luca Garofalo

Jambal ass eng héich motivéiert an ambitionéiert jonk Band mat enger breeder Palett un Influenzen, iwwersat a schéin Melodien, groovy Drums an enger Fusioun vun modernen wei och klassesche Sounds. Jambal hellt mat hiren memorabele Performancen d'Publikum mat an hiert musikalescht Universum.
Mier sinn feier Lëtzebuergesch Jazz Museker tëscht 18 an 20. Virun ronn engem Joer hun mer onst Quartett gegrënnt an am Laf vum Joer ugefaangen eisen eegene Sound ze entwéckelen, den iergendswou tëscht UK Jazz an Ethno Jazz läit. Nodeems Mier wärend dem Lockdown gefrot goufen fir eng “Crazy Quarantine Session” ze maachen, konnte mer ons e klenge Numm an der Lëtzebuerger Jazz Szen maachen. Kuerz no dësem Facebook Livestream an engem Podcast um 100,7, goufe Mier agelueden fir um Luxembourg Shuffle Jazz Festival ze spillen, den wéinst Corona Mesuren leider net stattfanne konnt. Trotz allem goufe mer, zesummen mat eise Kolleegen vum “Retrospective 5tet”, e puer mol an den “London Jazz News” erwäänt an plangen aktuell eng EP mat selwer geschriwwene Lidder.

Reservations: reservations 26.87.45.32 or info@anciencinema.lu or FB/Ancien Cinema messenger

Partners: 
Ministere de la Culture, WOXX