Error message

Notice: Trying to access array offset on value of type null in template_preprocess_dc_ajax_shopping_cart_teaser() (line 612 of /home/ancienci/public_html/sites/all/modules/dc_ajax_add_cart/dc_ajax_add_cart.module).

Gléck

Date: 
Saturday, 22 February, 2025 - 20:30
Genre: 
theater
Type: 
comedy
Tickets: 
18/10 EUR

Den RIDO OP presentéiert am Kader vum 35 jähregem anniversaire eng ''Comédie' vum Eric Assous (Le Bonheur)

Et spillen: René Engel, Liette Engel. Frei iwersat an adapteiert vum René Engel, Technik Gérard Schockmel, Mask Martine Gengler / Carole Spinelli, Assiztenz Pitti Feyder, Regie: Liette & René Engel

Entrée: EUR 18.- | Kanner & Studenten: EUR 10.- | Reservatioun: 691 849 398

Eng Relatioun ufänke mat déck iwwer 50 Joer ? Net ëmmer einfach…

T’Louise an den Alexandre gesinn sech konfrontéiert mat hiren eegenen Definitiounen, vu Gléck an Zesummeliewen. Louise, eng Kannerbuch Autorin, ass celibataire, an huet keng Kanner. Den Alexandre, Besëtzer vun engem hippe Restaurant, ass matzen an enger Scheedung an huet 3 Kanner. Wéi kréie Sie hier eegen Erfarungen an Erliefnisser zesummen ënnert een Dag, fir eng glécklech Bezéiung zesummen hin ze kréien ? An hirem Alter, mat hirer Liewenserfarung ? Mëscht eng gewësse Reifheet se méi tolerant oder méi exigent ? As t’Liewenserfarung eng Beräicherung, oder éischter een Hindernis ? Léift a liewen zu zwee, eng Rechnung déi mam Alter net ëmmer méi einfach gëtt.

Oder kann een se arrangéiere wéi ee Kachrezept?

~ Al Gewunnechte propper ausernee schielen, ouni seng Onofhängegkeet ze verléieren.

~ E bësse Begeeschterung mat bei mëschen

~ Eng kleng Portioun « Ech weess net wat ech wëll, mee ech si mer sécher wat ech net wëll » mat ënnermëschen.

~ Eng Fangerspëtz Angscht virum Zesummeliewen an der Koppel bäifügen.

~ Liicht puddere mat « Angscht fir eleng do ze stoen zum Schluss »

~ Dat Ganzt liicht réieren, douce goe loossen, datt alles sech zesumme bënnt, ouni ze verbrennen.

~ Zooss dofir mat enger Portioun Versteesdemech opréieren, ouni se ze vill mat eegen Undeeler ze verwässeren.

~ Konzessioune mat bäimëschen.

~ Fir déi wou et méi gehäerzt wëllen, zum Schluss nach e puer Zesten Ex-Fra a Liibhaber fir een Owend doriwwer garnéieren.

~ Dat Ganzt erhëtze bis zum kachen, ouni dass et iwwerleeft.

~ Direkt mat gudder Temperatur genéissen.

Gudden Appetit!

Partners: 
Rido-Op, Ministère de la Culture, Ministère de l'Économie