Kabaret Sténkdéier
Et spillen : Conny Braquet, Claude Faber, Luc Schumacher, Irène Zeimes
Regie : Joe Heintzen, Noemie Leer
Musek : Camille Nanquette
Texter : Roland Meyer
Entry: 20 EUR, Reservatioun: email: info@anciencinema.lu, message: Ancien Cinema FB Messanger, SMS WhatsUp +352 621227850
LIMIRED NUMBER OF PLACES
Eisen alldeegleche Weltënnergang
De Programm 2023 / 2024 vum Kabaret Sténkdéier
An eisen haarden Zäiten geet d’Welt gefillt op d’mannst eemol den Dag ënner. Mat der Apokalypse virun eis sti mer moies op a no engem mäerdereschen Amoklaf duerch de Labyrinth vu Panik a Paranoia leeë mer eis owes an d’Bett a ... kënnen net aschlofen. An der Nuecht geeschtere mer wéi Zombien duerch d’Weltgeschicht. Wéi solls de dobäi gesond a monter bleiwen, wéi sollen esou deng gutt Laun an deng Zouversiicht net op der Stréck bleiwen? Klima a Katastroph, Tornado an Tsunami, Krich a Krawall dreiwen dech an d’Äerm vu Psychologen, Astrologen an aner chronesch Pathologen oder eeben an d’Ofhängegkeet vun hippen Designerdrogen. Mee elo gëtt et Hoffnung: eis héichmotivéiert a haarttrainéiert Spezialiste vum Kabaret Sténkdéier bréngen an hirem aktuelle Programm nees Rou a Geloossenheet an Ären Alldag. Si huelen Iech zeréck op de Buedem vun den Tatsaachen a loossen Iech duerch eng rasant Klengkonschttherapie voller Witz an Humor all Äre Misär ee fir alle Mol vergiessen. An dëst alles op Käschte vun der Allgemengheet, dem groussherzoglechen Haff an all deenen aneren Dichtegen a Wichtegen oder deenen, déi sech dofir halen!
FIRWAT KABARET STÉNKDÉIER?
Dat ass eng gutt Fro, mee se ass leider net sou séier beäntwert, wéi se gestallt ass.
De Skunk, oder wann ee wëll, de Mephitis mephitis, ass Famill mam Dachs, a gëtt bis zu 40 cm laang, wat jo näischt Besonnesches ass. Hien huet, also de Skunk, oder hat huet, also d’Sténkdéier, e wonnerschéine Pelz, deen nawell gär zu Pelzmäntel verschafft gëtt. Hien oder hat lieft virun allem an Nordamerika an ass a Südamerika ënner dem Numm Surilho bekannt.
Maja, dat ass jo alles schéin a gutt, mee als Numm fir e Kabaretsensembel?
Kucke mer emol weider, wat am Buch steet: “Verspritzt bei Gefahr ein ausserordentlich lange haftendes, widerlich riechendes Afterdrüsensekret.” Ma do komme mer der Saach scho méi no! Stellt Iech d’Situatioun esou vir: An der lëtzebuerger, postmoderner Konsum-, Kultur- a Fräizäitgesellschaft, laueren e puer zolitt Sténkdéieren op Geforen. Dës Gefore sinn an hierem Revéier och permanent immanent, an esou hunn eis Sténkdéieren hier Afterdrüsen bestänneg op Standby. Een Zock gëtt esou mat deem Sekret op all Gefor geschoss, ouni Matleed, an dës Gefore ginn doduerch fir all Mënsch, souguer am Däischteren, fir eng laang Zäit erkennbar…
Schumme sollen all déi sech, déi bei dësem Numm un eppes anescht geduecht haten!
De Kabaret Sténkdéier kuckt op eng Entwécklung vu ronn 30 Joer zeréck. Et ass deemols am Fong esou komm, wéi et huet misse kommen: Eng Kéier, spéit Owes beim Patt, ass beschloss ginn, Texter zesummen ze schreiwen. An et sollte Kabaretstexter sinn.
An no enge selleche Produktiounen, déi ëmmer nees vu ganz ënnerschiddleche Schrëftsteller a Kabaretiste gefiddert goufen, besteet de Kabaret Sténkdéier haut nach ëmmer. Nach besser: Am Joer 2019 huet sech souguer eng Ekipp fonnt, déi zanter hier weise wëll, dass de lëtzebuerger Kabaret nach lieft, an dass dësen haut och batter néideg ass, vläicht souguer nach méi wéi soss.
An der Saison 2021/22 ass déi lescht Produktioun mam Titel “Negativ” mat Succès iwwer d’Bün gaangen. D’Irène Zeimes, Conny Braquet, Luc Schumacher a Claude Faber hunn sech dobäi mat Texter vum Roland Meyer a Lidder vum Camile Nanquette iwwer Politik, Kultur a Gesellschaft ausgelooss. Wien dës, an all déi aner Produktioun verpasst huet, kann op der Internetsäit vum Kabaret Sténkdéier säi Virwëlz stoppen: www.stenkdeier.lu.
Elo ass et un der Zäit, fir nei Texter ze schreiwen an ze prouwen, fir am Hierscht 2022 en neie Programm kënnen ze presentéieren. Wien eis net bucht, ass selwer Schold! Kontakt E-Mail: stenkdeier@gmail.com