Lët’z druddel! mam Marc Weydert
Ugefaangen huet alles mam Buch « Verdruddelt Geschichten », verdréinten Erzielungen op Lëtzebuergesch an a Versform, fir dat de Marc Weydert zesumme mat der Illustratrice Marie-Isabelle Callier 2021 mat engem 1. Präis beim Concours littéraire national belount gouf.
No « Zerknujelt Geschichten » (Abrëll 2023) geet den Auteur elo mat senger kabarettistescher Liesung fir Erwuessener op den Tour. An enger décker Stonn presentéiert hie seng Texter, op Lëtzebuergesch, a Versform, a Verbindung mat bekannte Wierker aus der Literatur, awer och mat der Aktualitéit an der Gesellschaft, dat Ganzt mat engem staark ironeschen Ënnertoun. Begleet ginn d’Texter deelweis vun Illustratioune vum Marie-Isabelle Callier.
Am Programm 2023 geet et natierlech ëm d’Superwaljoer, awer och ëm divers Klischeeën. De Reenert ass mat derbäi, d’Lëtzebuergeschkenntnisser vum Public ginn op d’Prouw gestallt an eng méiglech Suite vun der Maus Ketti däerf och net feelen. An de Roude Léiw, deen huet eng fatzeg Deprimm a werft d’Handduch um groussherzoglechen Haff.
« Lët’z druddel! » ass eng kabarettistesch Liesung vum a mam Marc Weydert. A sengen Texter spillt den Diplompädagog a Musiker mat der Lëtzebuerger Sprooch, kroomt or alt emol e puer méi al Ausdréck ervir a suergt esou fir lëschteg 70 Minutte voll mat Humor an Ironie.