Error message

Notice: Trying to access array offset on value of type null in template_preprocess_dc_ajax_shopping_cart_teaser() (line 612 of /home/ancienci/public_html/sites/all/modules/dc_ajax_add_cart/dc_ajax_add_cart.module).

MÄMMORIES. Michèle TURPEL

Date: 
Friday, 29 November, 2024 - 20:00
Genre: 
theater
Tickets: 
20 EUR

No Croque Mëssiö (2009) an Autopsy (2019) presentéiert d’Michèle Turpel, alias Mi Tu, (net ze verwiessele mat Me Too) säin 3. Soloprogramm Mämmories, geschriwwen an inzenéiert vum Jemp Schuster. D’Musek fir d’Lidder huet d’Claire Parsons komponéiert. D’Affiche kënnt aus der Fieder vum Meluma.

Wat gëtt een net alles gewuer, wann eng Fra, déi op alle grousse Büne vun der Welt performt huet, hir Schminkkëscht opmécht an ufänkt ze poteren. Am Scheinwerferliicht glënnert a blénkt alles, mee hannert de Kulisse gesinn och déi gréisste Staren a Stärercher blatzeg aus.

Firwat gëtt eng Artistin zu New York, London, Berlin oder Paräis zur Diva, an heiheem kennt keen se? Kann een net och zu Lëtzebuerg weltberüümt ginn? Mir ginn de Risiko an. Am Stil vum magesche Realismus.

D’Opféierung dauert 75 Minutten ouni Paus.

Reservations:  info@anciencinema.lu I Ancien Cinema FB Messenger I SMS or WHATSAPP +352621227850

Partners: 
Ministère de la Culture, Ministère de l'Économie, WOXX