The Horse Blinders: Raufaser
„Raufaser“ heescht no „… an nach ee schéinen Dag“ vun 2023 deen neien CD vun den Horse Blinders a versteet sech als déif Verbeugung virun all deene Museker a Musekerinnen, all deene Gruppen a virun allem Fans, déi d’Rock- a Bluesmusik hei zu Lëtzebuerg grouss gemaach hunn.
„Raufaser“ sinn 10 fonkelnei Lidder fir 10 Lëtzebuerger Stied. No der éischter Präsentatioun zu Ettelbréck am CAPE mat der Hymn „Ettelbréck – Sylvester an der Däichhal“ kënnt dir elo gespaant sinn, wat den Horse Blinders zu Veianen agefall ass. Mat wéi engem Lidd feieren si d’Schlooss, de Sessellift, de Nëssmaart an d’Schwämm. Loosst iech bei der Virstellung de 26. Abrëll am Ancien Cinéma iwwerraschen.
De Roland Meyer spillt d’Gittar an huet d’Stécker komponéiert a getext, de Roger Melcher séngt se op seng eemoleg Aart a Weis, de Mulles Scholtes wierzt dat Ganzt mat delikaten Akkorden a suergt fir de gudden Toun. Den Jake Bock op der Batterie gëtt den Tempo un an hält de Buttek zesummen an de Ron Mullenders leet d’Fëllement mat Wuppes a Fangerspëtzegefill um Bass.
“Mir lauschteren d’Horse Blinders, well et ee Stéck Lëtzebuerger Kultur ass.”
Reservations: info@anciencinema.lu I Ancien Cinema FB Messenger I SMS or WHATSAPP +352 621 227 850