Error message

Notice: Trying to access array offset on value of type null in template_preprocess_dc_ajax_shopping_cart_teaser() (line 612 of /home/ancienci/public_html/sites/all/modules/dc_ajax_add_cart/dc_ajax_add_cart.module).

Luxembourg Jazz Messengers

Date: 
Friday, 25 November, 2016 - 21:00
Genre: 
concert
Type: 
Jazz
Tickets: 
10/8 EUR

Marc Mangen – Piano an Arrangement
Georges Soyka – Trompett a Bügel
Maxime Bender – Tenor- a Sopransaxophon
Boris Schmidt – Kontrabass
Jeff Herr – Batterie

D'Iddi zu den "Luxembourg Jazz Messengers" ass enstan aus engem Problem, deem d'Jazzmusiker an Europa ëmmer erëm begéinen. De Programm vun enger Jazz-Band besteet entweder aus de sougenannten Standarden, gewéinlech Lidder aus dem "American Songbook", dem Repertoire vun allen Jazzmusikern op der Welt, oder aus Eegekompositiounen, eventuell och aus Kompositioune vun aneren Jazzmusikern. De Problem an Europa ass, datt d'Publikum dat amerikanescht Lidderbuch bis op e puer Ausnahme net kennt, an duerfir och net wiirklech versteet iwwer wat d'Musiker improviséieren. An dorëms geet et am Jazz: eng kollektiv Improvisatioun iwwer e bekanntent Lidd. Aus där Ursaach hu sech d'europäesch Jazzmusiker drop verluegt, eege Stécker ze spillen. Déi kennt zwar och keen, mee erfëllt de Musiker mat engem gewësse Stolz.

Wat ass also ze maachen? Firwat net higoën an esou eppes wéi en "Luxembourg Songbook" dem lëtzbuergeschem Publikum ze présentéieren? An enger Datebank am Internet sinn 2743 lëtzbuerger Lidder opgezielt. Déi ass sécher net vollstänneg an natiirlech sinn do och Adaptatiounen vun  amerikaneschen, däitschen oder franséische Lidder ze fannen. Am ganze kann ee vun iwwer 150 Joër lëtzebuerger Musik ausgoën. E puer Aschränkungen an der Wiel vum Repertoire, dee mir virstelle wollten, ware wichteg: 1. sollten den Text an d'Melodie reng lëtzebuergeschen Ursprong sinn, 2. sollten Texter keng militäresch Inhalter hunn oder soss vu Waffen, Juegd an ähnlechem schwetzen, 3. sollt et méiglech sinn, se sou ze arrangéieren, datt se spillbar ginn an enger moderner Jazzsprooch, an dësem Fall am Stil vun enger Art modernen Hard-Bop, e Stil deen an de 50er Joëre populär gouf, dee bis haut praktizéiert gëtt a sech ëmmer erëm senger Zäit ugepasst huet. Duerfir och den Numm "Luxembourg Jazz Messengers" als Uspillung op dem Art Blakey sengen Jazz Messengers. Ier mir un eng CD geduecht hunn, war et elementar, de virleefege Programm viru Publikum ze testen. Am März 2015 hu  mir an enger Stadter Bar e Concert gespillt, an d'Leit ware begeeschtert. Eise Plang ass, eng CD mat de rare Pärelen a mat e puer ganz bekannte Lidder opzehuelen, fir duerno eis Botschaft duerch d'ganzt Land ze verbreeden, eventuell och eis Musik am Ausland bekannt ze maachen.

De Repertoire bis elo:
't ass Kiermes am Duerf (Léon Schaeler / Marcel Reuland)
Blo Blimchen (Edmond & Michel Lentz)
D'Margréitchen (Laurent Ménager / Michel Lentz)
De Feierwon (Michel Lentz)
De Grousspapp (Edmond & Michel Lentz)
Ech sinn esou al, ech sinn esou kal (Anonym)
En Owend op der Musel (Charel Günther / J.P. Dieschbourg)
Eng Hellecht um Duëref (Michel Lentz)
Eng Réische voll vu séissem Doft (G. Kahnt / N.S. Pierret)
Illusiounen (Laurent Ménager)
Kiewerleck komm (Dicks)
Ons Hémecht (J.A. Zinnen / MIchel Lentz)
Schlof mäi Këndchen (Michel Lentz)
Schlofliddchen (Christian Clement)
Wéi meng Mamm nach huet gesponnen (Edmond & Michel Lentz)

An deem Programm si bekannte Lidder, mee och e puer Raritéiten, déi eis net gelleefeg waren. Fir dohin ze kommen, war eng länger Recherche néideg. Mir denken awer och drun, méi rezent Lidder an de Repertoire opzehuelen; dofir muss ee sech natiirlech och op d'Sich maachen. Et handelt sech also ëm e Projet, dee sech iwwer Joëre wäert hinzéien. Domat ass och séchergestallt, datt en sech dauernd erneiert a sech ëmmer erëm nei erfënnt. Duerfir hunn ech d'Musiker ënnert deene beschten ausgewielt:
Georges Soyka (Trompett a Bügel)
Maxime Bender (Tenor- a Sopransaxophon)
Marc Mangen (Piano)
Boris Schmidt (Bassgei)
Jeff Herr (Jazz)
An all Zukunft wäerte mir de Prinzip anhalen, datt nëmme lëtzebuerger Musiker an den "Luxembourg Jazz Messengers" spillen. Nëmmen eis eege Musiker si fäheg, eng lëtzebeuerger Traditioun an eng verständlech zäitgenössesch Jazz-Sprooch ze iwwersetzen. Et kéint ee sech och virstellen no Lidder ze sichen, déi net am Ländchen, mee ausserhalb vun eise Grenzen am Lëtzbuergeschen am Laf vun der Zäit entstan sinn. Mee dat ass nach Zukunftsmusik.
Marc Mangen

 

Partners: 
Jail, Woxx, Radio Ara